Moien also Konzept hannert deem Titel as ganz einfach:
Am Juli hun jo vill Leit Gebuersdaag, et hun vill Leit keng Uni mei an langweilen sech, verschidden Leit mengen sie mussen an der Woch erausgoen, an ech fueren geschwenn fort an Japan. Eisen groussen Probleem as wei emmer an sou Situatiounen vun organisatorescher Natur... bon wann mer eis net eegenen kennen op eng Grillplaatz oder weem seng Bude demoleiert gett (well den JM schon erausgeplennert) proposeieren ech einfach dass mer bei Giedel erof op Fond-de-Gras gin do Haam, Fritten an Zalot iessen an en sheinen owend verbrengen! (natierlech gin et do och ier grouss Escalopen)
Well ech jo lo Verschiddener eng laang Zeit nët mei waert eremgesin an och LAN verpassen wier ech frou wann vill Leit geingen mattkommen.
Hun mer mol als Datum den Denschten 27. Juli 2010 erausgesicht well keen normalen Mensch seh eppes fir en Denschten 27. Juli firhëllt ausser eppes grousses bei der Giedel ze organiseieren. Daat wier dann sou geint 20h - 20h30.
Den Café/Restaurant as ënnen zu Fond-de-Gras ""Bei der Giedel" wou den Train 1900 fiert.
Wollt geschwënn reservéieren (delai fier secch unzemellen 22/07/2010) dofier einfach aerch unmellen dass ech wees fir weivill Leit ech soll reserveieren.
Hei as en Link matt allen neidëgen Informatiounen:
http://www.gastronomie.lu/index.php?browse=resto_x&id=2245