Deelen ass kee Verbriechen!
déi jonk gréng hunn es genuch, dass grouss Konzerner duerch penetrant Reklammen hir Meenung wëllen duerchsetzen, dass Filesharing genee sou e schlëmmt Verbriechen ass wéi z.B. en Auto ze klauen. Mir fuerderen d‘Politik op, d‘Potential vun dëser neier Technologie unzeerkennen an innovativ Weeër ze fannen fir Filesharing ze regulieren an de schafenden Artisten hire finanziellen Undeel un hirer kreativer Aarbecht ze sécheren.
Artists for digital rights!
Keng Informatiounstechnologie huet eist Liewen esou radikal verännert wéi den Internet an déi nei Medien. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht hu Millioune Mënschen gläichzäiteg Zougang zu Information, kënne sech selwer weiderbilden, kreativ ginn a sech mat Leit ronderem de Globus austauschen. Fir dass dat esou bleiwt, setzen déi jonk gréng sech zesumme mat Lëtzebuerger Muséker fir d‘Netzneutralitéit an a mir verteidegen eis digital Rechter, zum Beispill d’Recht op Privatsphäre an Dateschutz am Netz, Informatiouns- a Bildungsfräiheet, d’Recht seng Meenung ze soen an digitalen Inhalt zur Verfügung zu stellen.
déi jonk gréng hunn zesummen mat 21 lëtzebuerger Bands eng Kompilatioun gemaach, fir zesummen fir des Iddien anzetrieden. D'CD gett de 17. Abrëll am Atelier offiziell lancéiert.
DEN CONCERT ASS GRATIS AN DEN OWEND GET OCH EIS GRATIS CD LANCEIERT!!
ECH HOFFEN DIR KOMMT ALLEGUER!
