Hey!
Well d'Wieder sou gudd ass wëll ech mol einfach eng kleng Party starten, déi vu freakbase géing ausgoen, wann hei de Komitée averstaan ass^^
Et geht drëms déi éischt party dobaussen ze starten, daat heescht eigentlech mol Apéro am Bësch.
Location: Bieles Galgebierg (mat Feier), Eileng Bësch (ouni Feier), soss Ideeën einfach uginn. Déi beschten Optioun gët da gewielt.
Final Location: Eileng
[http://maps.google.com/maps?f=d&source=s_d&saddr=49.547879,6.01656&daddr=Unknown+road&hl=en&geocode=%3BFbY49AIdmwVcAA&mra=dme&mrcr=0&mrsp=0&sz=14&dirflg=w&sll=49.549438,6.036043&sspn=0.036697,0.070639&ie=UTF8&ll=49.551999,6.029091&spn=0.036695,0.070639&z=14]
Fierwaat: Well do einfach keen ass a keen nerve kënnt an et do zimmlech cool ass^^ (Hei sinn ënnert aanerem Szene vum Heemwéi a Grim gedréint ginn) An do eng grouss oofgeschnidden Zoossiss am Bësch steht.
Parken: Bei mier fierun der Dier oder an der Stroos. Mier fueren da mat sou wéineg wéi méiglech Autoen do rop, well et ass net sou toll wann do vill Leit am Bësch parken. Merci fier d'Verständnis!
Auerzäit: 19h30 - 20h
Ech sinn am Chat an op mengem Handy ze ereechenWell et awer nach net ganz sou waarm ass, natierlech Jaquette fiergesinn, an op der Plaaz gët et nierft Béier och Glühwäin mat Schuss...
Ganz spontan, also ville Leit weidersoen, an hei posten op der kommt an zu wéivill. Froen u mëch wenden, ech sinn dann och mol am Chat
